1944 gouf den Eisebunner- Fescherclub, den sech 1948 zum Ettelbrécker Sportfescherclub zesummengesaat:
Bisdorff Marcel; Präsident,
Biberich Thed;Vizepräsident,
Kasel  Jacques; Sekretär a Caissier; 
Bentz Jean, Dahm Jemp, Fell Nicolas an Schmit Hary; Memberen.
De Verein huet sech vergréissert. Vun iwwerall aus der Emgeigend sin emmer méi Fescher  komm déi intersséiert waren un desem neien Club.
Am Oktober 1945 gouf den „Eisebunner Fescherclub an de Letzebuerger Sportsfescherverband opgehollvgin. Des Memberschaft leeft zenter 1949 enert dem Numm „Ettelbrecker Sportsfescherclub wieder.
1951 huet den Sportfescherclub Ettelbreck fir d’eischte Kéier den Optrach vum Verband krutt fir déi éischten Péiteschfeier ze organiséieren.  Dat Joer dono haaten si nach eng Kéier  Freed Péiteschfeier ze organiséieren. En puer Joerer dono hat si d’Eier , fir dee groussen, internationalen Concours ofzehalen,bei deem sech fir d’éischte Kéier  iwwer 1000 Fëscher afond haten.
1962 gouf fir lescht de groussen internationalen Fëscherconcours ofgehal. Zenter der Zäit huet duerch déi stark Waasserverschmotzung de Feschbestand an der Mettelsauer esou stark gelidden, dat e groussen Concours net méi méiglech war. Des traurëg Tatsach huet de Sportfëscherclub Ettelbréck net dofun ofgehal emmer méi grouss ze gin.
Zënter  1967 gehéiert den Veräin der „Entente du Nord des Pêcheurs Sportifsun, déi zesummen et sech zur Aarbecht gemach hun géint  d’Wasserverschmotzung ze kämpfen,  an sech vir  de Repeuplement vun eise Flëss anzetrieden.
Den Ettelbrécker Sportfëscherclub as nët nëmmen ee Veräin vu passionéierten Fëscher, awer och eng grouss Famill. Ween eemol an hirer Mëtt as, ka gesinn, mat wéivill Freed an Eescht eis Fëscher zu hirem Veräin stin. Mir hoffen all datt den Eifer bäihällt, an datt si och an der Zukunft fest zesummensin.
Danny Wilmes